Eng Formatioun an der Erliefnispedagogik fir jonk Mënsche besser begleeden ze kënnen

Nei Approchen entdecken: Mat der Hëllef vun enger Formatioun an der Natur- an Erliefnispedagogik

Pedagogen*innen, déi dagdeeglech mat jonke Mënsche schaffen, wéi z.B. Educateuren*tricen a Léierpersonal, sinn drop ugewisen, konstant nei pedagogesch Usätz an hire Berufsalldaag ze integréieren. Duerch alternativ an ergänzend Methode kënnt Dir Kanner a Jugendlecher nei Erfarunge bidden, fir sech weider ze entwéckelen, hier Ëmwelt besser ze verstoen an hiren Alldag méi einfach ze meeschteren. NBE bitt Formatiounen an der Naturpedagogik an an der Erliefnispedagogik un, déi op d’Bedürfnis vun eise Participanten zougeschnidde sinn. Eis Formatioune ginn entweeder onofhängeg oder an Zesummenaarbecht mat verschiddene Bildungsträger zu Lëtzebuerg offréiert a kënnen doduerch och „in-house“ ugebuede ginn.

Orientation en forêt à l'aide d'une corde

Ee moossgeschneiderten Usaz fir Formatiounen am Beräich vun der Natur- an Erliefnispedagogik

De Bedarf u Formatiounen an der Erliefnispidagogik oder Naturpedagogik an deenen domadder verbonnene Methoden ass an all Ariichtungen ënnerschiddlech. All Ariichtung huet verschidde Besoinse, déi sech jee no Alter vun de Kanner oder Jugendlechen, dem sozialen Ëmfeld an de konkrete Problemer, mat deene si konfrontéiert sinn, staark ënnerscheeden.

Well mir eis der Vilfalt vun de Besoine bewosst sinn, entwéckele mir Léisunge sur-Mesure wat Formatioune fir Pedagogen*innen an der Natur ugeet. Sou hëllefe mir z.B. Léierpersonal, déi hiert Wëssen aus dem reguläre Cours an der Natur wëllen uwenden, oder awer och Educateuren*tricen, déi no neien Erfarunge fir kléng Kanner oder Jugendlech sichen, déi hinne Spaass solle maachen.
Eis Formatiounen an der Erliefnispedagogik zile gläichzäiteg dorop of, eise Participante konkret Utensilien un d’Hand ze ginn, déi si an hirem berufflechen Alldag liicht asetze kënnen. Op des Aart a Weis stelle mir sécher, dat et hinne méi liicht fält, qualitativ héichwäerteg, originell a pedagogesch sënnvoll Aktivitéiten dobaussen ze organiséieren.

Kontinuéierlech Formatioun: Eng Flicht fir beruffstäteg Pedagogen*innen

Fachleit, déi mat jonke Mënsche schaffen, musse sech reegelméisseg mat neie Praktike vertraut maachen, egal ob et sech ëm eng Formatioun an der Erliefnispedagogik oder eng Formatioun an der Naturpedagogik handelt. Dowéinst weist huet eise gesamte Formatiounskatalog national Validatiounsnummere fir Fachkräft am Beräich vun der non-formaler Bildung oder kann an Zesummenaarbecht mam IFEN fir d‘Léierpersonal organiséiert ginn.

An enger Welt, déi dauerhaft a Beweegung ass an an där esou munch Saachen heiansdo ze schnell ginn, ass esou wichteg, jonke Mënschen ze weisen, datt ee Freed un der Natur kann hunn an un deem, wat eise Planéit eis ze bidden huet. Et ass eng grouss Erausfuerderung, si dozou ze bréngen, sech vun hieren Ecranen ze léisen, mat der Natur ze interagéieren oder an der Lag ze sinn, ouni sozial Netzwierker oder Smartphonen op direktem Niveau ze kommunizéieren.

Obwuel de Besuch an der Schoul onëmgänglech ass, fir datt Kanner sech eng gewësse Wëssensbasis schaaffe kënnen, déi si spéiderhin an hirem Liewe brauchen, ass am Laf vun der Zäit ëmmer méi däitlech ginn, dat de klassesche Schoulcours eleng dofir net méi duergeet. Eis Formatiounen an der Erliefnispedagogik erméiglechen, nei Weeër ze fannen, fir Kanner bei Probleemer wéi mangelndem Selbstvertrauen oder feelende soziale Kompetenzen ze hëllefen an hier Entwécklung ze ënnerstëtzen.

Cueillette de graines en forêt
Groupe souriant

Sech als Léierpersonal oder Educateur*trice begleet fillen

Am Alldag fillt sech Fachpersonal, dat mat jonke Mënsche schafft, oft eleng gelooss an heiansdo esouguer hëlleflos, besonnesch wa si mat schwéier erzéibare bzw. verhalenskreativen Individue konfrontéiert ginn, deenen hier Problemer sech am Laf vun der Zäit weesentlech verännert hunn.

D’Méiglechkeet eng Formatioun an der Natur ze absolvéieren, dréit dozou bäi, Selbstvertrauen als Fachkraaft zeréck ze kréien a sech manner eleng mat senge Suergen ze fillen. Besonnesch duerch den Austausch ënner Kolleegen*innen a liicht uwendbaren, alternativ Methoden, wéi se d’Natur- an Erliefnispedagogik bidden… Gläichzäiteg stécht an der Notzung vun der Natur an dem lokalen Ëmfeld een enormt Potential!

Dir sidd op der Sich no enger Formatioun an der Erliefnispedagogik oder an der Naturpedagogik? Huelt gäre Kontakt mat eis op.