Eng professionell a leidenschaftlech Approche fir d’Organisatioun vun Äeren Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg.

Kompetenzentwécklung an engem spillereschen a gréngen Ëmfeld.

Mir verbréngen ëmmer méi Zäit virum Bildschierm a liewe generell an engem immens hektesche Rhythmus. An dësem stressegen an fir d’Wuelbefannen oft schiedlechen Alldag luede mir Iech an, sech erëm op dat Wesentlecht ze konzentréieren an eis Naturaktivitéiten ze entdecken, déi eis Participanten op alle Niveauen uspriechen. All déi vun eis ugebueden Aktivitéite verbanne Pedagogik a Spaass: Et amuséiert een sech, léiert sech selwer an Anerer ze respektéieren a gëtt fir seng Ëmwelt an hier biologesch Vilfalt sensibiliséiert. Mat der Hëllef vun eisen alternativen Offeren erméigleche mir jiddwerengem iwwer sech eraus ze wuessen an déi bescht Versioun vu sech selwer ze ginn.

Sech eraus an d’Natur trauen, sech iwwertreffen an d’Teammotivatioun erhéijen

Eis Naturaktivitéite riichte sech un all Altersgruppen tëscht 3 an 99 Joer. Mir hunn eis dorop spezialiséiert, eis Programmer un déi jeeweileg Grupp unzepasse mat där mir schaffen, fir datt eis Aktivitéiten esou beräicherend an ureegend wéi méiglech sinn.

Mir bidden eis Aktivitéiten an der Natur an esou no wéi méiglech un Äerer Wunn-, Aarbechts- oder Ausbildungsplaz un, ouni datt Dir Lëtzebuerg verloosse musst. Eis Zil: De Participanten erméiglechen, sech op dat Weesentlecht ze konzentréieren an ausserhalb vun der gewinnter Komfortzon zesummen ze schaffen. Dozou gehéiert fir eis, sech Erausfuerderungen ze stelle bzw. sech selwer ze iwwertreffen a gläichzäiteg eng Aktivitéit um kierperlechen a psychologeschen Niveau ze erliewen.

Zousätzlech zu den Teambuilding Moossname fir d’Teamentwécklung an d’Naturaktivitéite fir verschidden Zilgruppen (Kanner, Privatpersounen etc.) bidde mir och Formatiounen an der Natur un. Des riichte sech speziell un Educateuren*tricen a Schoulpersonal, fir datt si d’Natur an hirem pedagogeschen Alldag notze kënnen. Zum Beispill fir de Kanner derbäi ze hëllefe Fortschrëtter an hirer Entwécklung ze maachen, am Alldag besser mateneen ze schaffen oder hier Konzentratioun a Virstellungskraaft ze fërderen.

Fräizäit a perséinlech Entwécklung unhand vu Naturaktitéiten

D’Naturaktivitéiten, déi mir ubidden, déngen dozou fir zwee wichteg Ziler mateneen ze verbannen: eis Participante solle Spaass hunn a gläichzäiteg bei hirer eegener (Weider-)Entwécklung ënnerstëtzt ginn.

An eisen Aen ass et nëmmen esou méiglech, déi beschte Versioun vu sech selwer ze ginn.

Geocaching mat der ganzer Famill ass eng spilleresch Aktivitéit, déi et zum Beispill och erlaabt, fir eppes iwwer d’Natur an dat Kulturierwen ze léieren, den Orientéierungssënn ze fërderen an dobäi ze kooperéieren. De Bau vun engem Flooss als Grupp am Kader vun engem Firmen-Teambuilding ass den éischte Moment eventuell veronsécherend, steigert awer wiesentlech d’Teammotivatioun, well wärend der Aktioun eng positiv a produktiv Kommunikatiounsdynamik tëscht de Kolleegen*innen entsteet.

Egal ob et sech ëm een Teambuilding, ee pedagogesche Projet, eng Formatioun oder eng Fräizäitoffer handelt, eis Participanten hunn ëmmer Spaass, egal fir wéi eng Aktivitéiten se sech entscheeden… An dobäi léieren si och nach déi ganzen Zäit eppes derbäi, sief et konkret Fäerdegkeeten oder um Niveau vun de soziale Kompetenzen.

Kris Clees (Grënner vun NBE)
Profil LinkedIn

Vertraut bei Äere Fräizäitaktivitéiten op eist Team vun Experten*innen

Et ass net ëmmer einfach fir eng Naturaktivitéit zu Lëtzebuerg virzebereeden: Nodeem een déi passend Plaz fonnt huet, mussen déi néideg Virbereedunge getraff ginn. Dozou gehéiert zum Beispill d’Plange vum Dagesoflaf, d’Auswiel vun den Aktivitéite mat hire jeeweilegen Héichpunkten an d’Organisatioun vum Material. Dozou brauch et Zäit, Energie an oft spezifesch Qualifikatiounen. Dofir ass et wichteg, sech op professionell Hëllef verloossen ze kënnen, falls des Viraussetzungen net sollten erfëllt sinn.

A genau do kënnt NBE an d’Spill! Mir si Spezialisten*inne fir Kompetenzentwécklung an a mat der Natur. Eis Déngschtleeschtunge gi vun der Organisatioun vun Outdoor-Deeg iwwer Formatioune bis hin zur Beaarbechtung vu spezifeschen Ziler unhand vu spezielle Programmer (Verbaliséierung vu Konflikter, Erhéijung vum Vertrauen asw.). Mir bidden eng eenzegaarteg Äntwert op Äer Besoinen!

 

Qualifikatiounen

Een eenzegaartegen Uspriechpartner fir Äer Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg: Leet Äert Vertrauen an NBE!