Onvergiesslech Erliefnisser an der Natur: Eng aner Visioun vun Teambuilding zu Lëtzebuerg

Mobiliséierung vum Teamgeescht duerch atypesch a spilleresch Aktivitéiten

Persounen a Féierungspositioune wëssen, wéi wichteg et ass, datt alleguer d’Mataarbechter*innen an der Laach sinn, hier Fähegkeeten ze kombinéieren an zesumme virun ze kommen. Fir seng Mataarbechter*innen zu engem Team zesummen ze schweessen, geet et net duer, si nëmmen op der Aarbecht ze motivéieren, mee et mussen och Aktivitéiten ausserhalb vum berufleschen Alldag ugebuede ginn, wéi z.B. een Teambuilding.

Et läit eis um Häerz, eis Clientë bei dësem Prozess ze begleeden, andeems mir nohalteg Erfarungen an der Natur erméigleche a fir datt si an Harmonie mat sech selwer, anere Mënschen an hirer Ëmwelt liewe kënnen. Den offréierte Mehrwert kënnt dobäi all Strategie zur Mataarbechter*innen-Bannung an dem Zesummenhalt an der jeeweileger Firma oder Institutioun ze gutt.

Activités TeamBuilding
Dynamique de groupe

Eng positiv Gruppendynamik duerch een Teambuilding zu Lëtzebuerg

Aarbechtsgruppe bzw. Teams baséieren op enger positiver Dynamik tëscht den eenzele Memberen. Ouni des Dynamik ass et onméiglech, produktiv ze sinn an ze innovéieren. Fir sécherzestellen, dass all d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter hiert Potential ausschëpfen, wësse Féierungsperséinlechkeeten, dass Evenementer oder Incentives ausserhalb vum gewinnte Kader essentiell sinn. Bei NBE beméie mir eis em ee Retour zu de Wuerzelen, bei dem d’Natur, d’Beweegung a primär Erfarungen am Mëttelpunkt stinn.

Fir eng positiv (a produktiv) Gruppendynamik ze schaaffen, bidde mir Teamaktivitéiten un, déi un déi jeeweilege Bedürfnisser ugepasst sinn a sech iwwer een hallwen oder ganzen Dag (oder méi Deeg) am Fräien erstrecken a bei Bedarf an der Géigend vun Äerer Aarbechtsplaz organiséiert kënne ginn.

Mataarbechter*innen duerch eng Stäerkung vum Zougehéieregkeetsgefill u sech bannen

Wann Dir iwwert eis e Firmeseminaire, een Incentive oder een Teambuilding zu Lëtzebuerg organiséiert, kënnt Dir Iech sécher sinn, datt Dir vun originellen a neiaartegen Aktivitéite profitéiert, déi vun Äerem Team geschätzt ginn.

Äer Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter wäerten erausfuerderend Aktivitéiten an der Natur erliewe kënnen, déi speziell op hiere Profil an d’Ziler vun der Firmestrategie zougeschnidde sinn. Een Erliefnis mat NBE erméiglecht et, den Teamgeescht nohalteg ze fërderen. Mir sinn an der Lag, een eenzegaartegen Dag an der Gemeinschaft unzebidden: Eis Incentives bidden z.B. d’Méiglechkeet, mat engem Guide zesummen am Team ze wanderen, Mountain-Bike Touren ze ënnerhuelen oder gemeinsam eng Teamchallenge unzegoen.

Fidélisation des employés
Incentives

Stëtzt Iech bei der Organisatioun vun Äeren Incentives op ee vertrauenswierdege Partner

Egal op een Incentive oder een anert teamorientéiert Event zu Lëtzebuerg organiséiere wëll, oft hunn eis Clienten net onbedéngt d’Zäit oder d’Energie fir sech an detailléiert Virbereedungen ze investéieren.

Wann Dir eis Äere Projet uvertraut, wësst Dir, dat mir des Aarbecht gewëssenhaft iwwerhuelen an eis ëm alleguer d’Elementer këmmeren, déi fir eis Déngschter gebraucht ginn. An dësem Sënn kënne mir op Äere Wonsch hin de Catering mat organiséieren, fir datt Äer Mataarbechter*innen den Dag bei engem Gedrénks an enger waarmer Moolzecht ausklénge loosse kënnen.

An der Virbereedung kënne mir den Dagesprogramm upassen, fir d’Participanten zu Héchstleeschtungen unzespornen oder d’Verbaliséierung vun Emotiounen ze fërderen. Eis Offer ass mobil a villfälteg, mam Zil, fir Evenementer sur-Mesure zur Fërderung vum Teamgeescht ze entwéckelen, déi fir alleguer déi Bedeelegt gläichermoossen interessant a flott sinn.

Sidd dir op der Sich no enger Teambuilding-Aktivitéit zu Lëtzebuerg? Vertraut op d’Offer vun NBE!