D’Welt vun de (wëlle) Kraider bitt eng ganz rei u Méiglechkeeten, d’Natur ze erliewen, se mat de Sënner ze entdecken a se ze „notzen“. Dobäi soll mat natierleche Ressourcen ëmmer uechtsaam a respektvoll ëmgaange ginn. Pedagogescht Personal erfueren an erliewen an dëser Formatioun, wéi si spannend a liewensno Kraideraktioune mat Kanner a Jugendlecher ëmsetze kënnen, wéi eng Aspekter vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung an der Aarbecht eng Roll spillen a wéi eng Sécherheetsmoossname wärend der Ëmsetzung ze beuechte sinn. Nieft prakteschen Ureegunge gi pedagogesch Hannergrënn zur Kraiderpedagogik vermëttelt.

Dauer: 1 Dag à 8 St.
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 10 Joer)
Op Ufro (« in-house ») : Jo
Plazen: 8-12
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch