Den thematesche Schwéierpunkt vun dëser Formatioun läit op der sënnlecher Erschléissung vum Liewensraum „Bësch“ mat all senge Facetten. Unhand vu spillereschen a kreativen Aktivitéiten a Verbindung mat de Sënner Héieren, Fillen, Richen a Kucken, loosse sech fir Kanner vun all Alter interessant Eenheete gestalten. Esou kënnen ënner anerem d’Wahrnehmungsfähegkeet, de Kierperbewosstsënn an d’Kreativitéit vun der Kanner an engem natierlech Setting gefërderen ginn.
Am Virdergrond steet an dësem Zesummenhang dat praktescht Ausprobéiere vun der Spiller an de géigesäitegen Austausch iwwer d’Asazméiglechkeeten am pedagogeschen Alldag.

Dauer: 1-2 Deeg (12-16 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 8 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: 8-12 (méi nëmmen op Ufro)
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch