Kenn deng Gemeng

Een eemolege Projet, fir seng Gemeng op eng eenzegaarteg Aart a Weis ze entdecken

Informatiounen

“Kenn deng Gemeng” ass ee Projetskonzept, dat sech aus enger Kombinatioun vun Elementer aus der Abenteuerpädagogik an der ortsbaséierter Pädagogik (engl. “place-based pedagogy”) zesummesetzt. Am Kader vun den dräi bis fënnefdeegege Projete sollen d’Kanner d’Méiglechkeet kréien hier eegen Ëmgéigend, bzw. hier Gemeng, op eng erliefnisräich Aart a Weis besser kenne léieren. D’Kanner beweegen sech zu Fouss (oder och per Vëlo) duerch hier eege Gemeng a kommen duerch eng Mëschung un verschiddenen Aktivitéite mat sozialen, historeschen, kulturellen an ökologeschen Aspekter vun der lokaler Ëmgéigend a Kontakt.

De Projet gouf am Joer 2018 déi éischte Kéier mat groussem Erfolleg an der Gemeng Wëntger ëmgesat. Doropshin ass d’Entscheedung getraff ginn, fir de Projet och an anere Gemengen (z.B. zu Wooltz) unzebidde fir méi Kanner hier eegen Heemescht méi no ze bréngen. Duerch d’Kooperatioun mat lokalen Institutiounen an Acteuren hunn d’Kanner ausserdeem d’Méiglechkeet ze erliewen, wat et heescht Deel vun enger Gemeinschaft ze sinn.

Enfant en forêt

Primär Zieler

  • Stäerkung vun der Identifikatioun mat der eegener Heemescht an hirer Geschicht, déi hautno erlieft ka ginn.
  • Schätzeléiere vun der lokaler Natur a Sensibiliséierung fir ee reflektéierten Ëmgang mat der Emwëlt.
  • Stäerkung vun de soziale Kompetenzen duerch dat kollektiivt abenteuerlecht Ënnerwee-Sinn an der Natur.
  • Entwécklung vun engem sougenannte “Ortsbewusstsein” duerch eng multidisziplinär Ausernanersetzung mat spezifesche Plazen an Uertschaften innerhalb vun der Gemeng.
  • Ënnerstëtzung bäi der Entwécklung vu Eegeverantwortung opgrond vu antriedenden Entscheedungssituatiounen.

Iwwersiicht

  • Alter: Ab 10 Joer
  • Dauer: 3-5 Deeg
  • Unzuel: Max. 12 Kanner
  • Präis: Variabel

Diesem Projekt, das muss anerkennend gesagt werden, kann durchaus Vorbildcharakter für eine theoretisch fundierte Exkursionsdidaktik attestiert werden, es ist (in seiner Konzeption) hervorragend gelungen.*

(Extrait de l’évaluation du mémoire « Place-based pedagogy: Umsetzungspotentiale in einem abenteuerpädagogischen Projekt in Europa » P.2 – Note: « très bien »)

Dr. Sven Ismer (Philipps Universität Marburg)

DOZENT & WISSENSCHAFTLICHER MITARBEITER

Een eenzege Kontaktpunkt fir all Är Aktivitéiten an Natur: Vertrauen NBE zu Lëtzebuerg