NATUR • BEWEEGUNG • ENTWÉCKLUNG
Natur · Beweegung · Entwécklung, kuerz NBE, ass äre kompetente Partner am Beräich vun erfarungs- a beweegungsortientéierten Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Duerch d’Kombinatioun vun handlungsorientéierte Methode mat fachlech fundéierten Erkenntnisser bitt NBE souwuel am Jugend-, wéi och am Erwuesseneberäich, eng grouss Unzuel un verschiddene Programmer an Aktivitéiten un.
Eisen offiziellen Intro-Video
Mir schaffen zesummen...















Eis Leeschtungen

Pedagogik
Entdeckt eis breet Offer am Beräich Pedagogik. Mir bidden Iech eng ganz Réi spannend Aktivitéiten a Programmer, déi un är speziell Besoinen ugepasst ginn.

Teambuilding
Dir wëllt är Aarbechtsequipe an engem néie Kontext erliewen, u speziellen Theme schaffen oder einfach ee spannungsräichen Daach zesumme verbréngen?

Tourismus- & Fräizäitberäich
Eis komplett Offer un sportlechen Outdooraktivitéite fann dir an dëser Rubrik. Ob Duerchféierung vun enger Aktivitéit oder Hëllef bei der Entwécklung vun engem eegenen Angebot, mir ënnerstëtzen Iech bäi ärem Projet.

Formatiounen
Dir wéilt äert Personal gären am Beräich vum erfarungs- an handlungsorientéierte Léiermethoden weiderbilden fir an Zukunft är eege Projeten an Aktivitéiten duerchzeféieren? Da sidd dir bäi eis genau richteg!
Eis Viirdeeler
Prozessorientéiert
Wärend eise Programmer & Aktivitéite bezéie mir ëmmer den aktuellen Entwécklungsstand vun der Grupp mat an. Doduerch kënne mir besser op spezifesch Bedürfnisser reagéieren an individuell Léierprozesser ënnerstëtzen.
Fachlech fundéiert
Wärend der Entwécklung vun eise Programmer & Aktivitéite gräife mir op Erkenntnisser aus der aktueller Fachliteratur zeréck an entwéckelen eis konstant virun. Professionalitéit gëtt bäi eis grouss geschriwwen.
Spezifesch
Mir hëllefen Iech derbäi de passende Programm fir äre Grupp ze fannen a passen d'Aktivitéiten un d'Besoine vun ärem Grupp individuell un.
Mobil
Spuert Zäit a Sue fir den Trajet a fokusséiert Iech op déi wierklech wichteg Saachen. Mir kommen (falls méiglech) direkt zu Iech!
Lokal
Mir leeë grousse Wäert op Zesummenaarbecht mat lokalen Acteuren a bezéien är Ëmgéigend souwäit et geet mat an!
Méisproocheg
Mir bidden eis Programmer a véier verschiddene Sproochen un fir méiglechst vill Leit kënnen ze areechen, onofhängeg vun hirem Hierkonftsland oder hierem kulturellen Hannergrond.
Feedback aus der Praxis


huet et immens gutt gefall
a mir komme
mat Sécherheet nach eng Kéier
op är Servicer zeréck :)"

Newsletter
Mellt Iech elo fir eisen Newsletter un a gitt ganz einfach per E-Mail iwwer wichteg Neiegkeeten, wéi néi Veranstaltungen oder néi Programmer & Aktivitéiten informéiert. Dir kënnt Iech zu all Moment erëm ofmellen. Den europäeschen Dateschutzrichtlinnen entspriechend ginn är Donnéeën net un Drëttpersoune weiderginn.
*Méi Infoe fann Dir ënnert dem Menupunkt “Dateschutz & Benotzungsbedéngungen”.