D’kënschtleresch Ausenanersetzung mat der Natur esou wéi d’Notzung vu Naturmaterialien zu Erschafung vu Konschtwierker erméiglecht et de Kannner sech op ënnerschiddlechst Aart a Weis auszedrécken. Déi villfälteg Materialien, déi an der natierlecher Ëmgéigend ze fanne sinn, ënnerstëtzen an dësem Zesummenhang déi kreativ Gestaltungsprozesser. Am Kader vun dëser Formatioun léieren d’Participanten ënner anerem méi iwwert de Beräich vum „Landart“ a léiere verschiddenst Aktivitéiten a Methode kennen, fir Kanner kreativ Eenheeten an der Natur ze erméiglechen a si bäi der Ëmsetzung vun hiren Iddien ze begleeden.
Dauer: 1 Dag (6-8 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 8 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: 8-12 (méi nëmmen op Ufro)
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch Natur a Konscht