Den thematesche Schwéierpunkt vun dëser Formatioun läit op der Erschléissung vum Bësch wärend engem Joreszyklus bzw. wärend de véier Joreszäiten. Iwwer ee Joer bzw. déi véier Joreszäite ginn am Ganze véier Formatiounsdeeg verdeelt. Am Virdergrond stinn dobäi Spiller an Aktivitéiten, déi d’Besonneschkeete vun der jeeweileger Joreszäit opgräifen an de Kanner op enge spilleresch Aart a Weis saisonaalt Wëssen iwwert de Bësch vermëttelen.

Dauer: 4 Deeg à 6-8 St., verdeelt iwwer ee Joer (24-32 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 6 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: 8-12 (méi nëmmen op Ufro)
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch