Den thematesche Schwéierpunkt vun dëser Formatioun läit op de Beweegungspiller am Bësch. Beweegungsspiller bidden ënner anerem d’Méiglechkeet, dem Beweegungsdrang vun de Kanner gerecht ze ginn a gläichzäiteg hier motoresch Fäegkeeten an hiert Kierperbewosstsënn ze fërderen.
Am Virdergrond steet an dësem Zesummenhang dat praktesch Ausprobéiere vun der Spiller an de géigesäitegen Austausch iwwer d’Asazméiglechkeeten am pedagogeschen Alldag.
Dauer: 1-2 Deeg (12-16 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 8 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: 8-12 (méi nëmmen op Ufro)
Präsenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch