Am Kader vun dëser Formatioun léiert Dir…
Wéi ee Kaarte liest an interpretéiert.
Wéi ee Wanderungen op eng sécher Aart a Weis plangt an op de jeeweilege Grupp upasst.
Wéi ee Material ee brauch, fir Wanderunge mat Gruppen ze absolvéieren.
Ee Basiswëssen am Beräich kierperlecher Virbereedung, wanderspezifescher Ernierung an Abenteuerpedagogik.
Des Formatioun kombinéiert Theorie mat prakteschen Aufgaben a kann als Presenz- oder Onlinevent (oder als Kombinatioun vu béidem) ugebuede ginn.
Dauer: 5 hallew Deeg à 3-4 St. (16-20 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 10 Joer)
Op Ufro (« in-house ») : Jo
Plazen: 8-12 (méi just op Ufro)
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Jo
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch