De Bësch als Léierraum bitt eng grouss Bandbreet u Méiglechkeeten, fir d’Thema Beweegung op eng spilleresch Aart a Weis mat Kanner vu verschiddensten Altersklassen ëmzesetzen, ouni dobäi op eng klassesch Sportaart zeréckgräifen ze mussen.
Lafen, Sprangen a Balancéiere sinn nëmmen epuer vun de Beweegungsformen, déi sech am Bësch am Kader vu beweegungsfërdernden Eenheete kënnen erëmfanne loossen. Gläichzäiteg kënne verschidde Spill- a Beweegungsformen dozou déngen, naturspezifescht Wëssen op enge interessant Aart a Weis ze vermëttelen. Nieft der Beweegungsfërderung kënnt et domadder gläichzäiteg zu enger Sensibiliséierung fir de Liewensraum Bësch.

Dauer: 2-3 Deeg (16-24 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 6 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: 8-12
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch