Gewaltpreventioun

Eng passend Approche fir Schoulen, Maison Relais an aner Institutiounen

Gewaltpreventioun duerch Kampfesspiele®

Speziell am Jugendalter feelt et ville Jongen oft un der néideger Plattform fir déi eege Grenzen auszetesten an sech mat Gläichaltregen op eng positiv Aart a Weis ze miessen. Dat féiert oft dozou, dat no anere Méiglechkeete gesicht gëtt fir der opgestauter Energie an den eegene Gefiller ee Ventil ze verschafen. Respekt, Toleranz, Hëllefsbereetschaft a Wäertschätzung si just puer wichteg Wäerter déi am Beräich Gewaltpräventioun mat Jonge kënnen erfuerbar gemaach ginn. Duerch verschidden Übungen a Spiller, an deenen op eng Fair Aart a Weis matenee gekämpft gëtt, bidden eis Moduler de Participanten den néidege Raum fir hier eegen an aner Grenzen ze testen, ouni mussen ee reelle Konflikt ze sichen.

Déi gemaachten Erfarunge ginn an den uschléissende Reflexiounsronnen thematiséiert fir wichteg Léierprozesser ze ënnerstëtzen an een Transfer an den Alldag ze erméiglechen.

Souwuel Dagesprogrammer déi z.B. am Kader vu Projetsdeeg un Schoule mat integréiert kënne ginn, wéi och fir Langzäitprogrammer mat wöchentlechen Eenheeten iwwert ee längeren Zäitraum kënnen ugebuede ginn. D’Mindestdauer vun engem sougenannte Spannungsbou (Bausteen) läit bei 90 Minutten. Doduerch dat mir bäi dësem Usaatz haaptsächlech mat geschlechterhomogene Gruppe schaffen, kënne mir am Moment just mat männleche Jugendgruppe schaffen.

Dir sidd Iech nach net sécher op dëst Konzept zu ärem Grupp passt? Dann kontaktéiert eis gäre fir méi Informatiounen an eng méiglech Schnuppereenheet.

Jeu de groupe
Jeu de groupe

Selbstbehaaptungstrainings

Selbstbehaaptungstraining ass ee Begrëff den a Lëtzebuerg nach net wäit verbreet ass. Dëst Konzept geet iwwert den Usaz vun de Kampfesspiele® eraus an huet als Ziel, een Individuum a sengem Selbstkonzept ze stäerken an an senger Perséinlechkeetsentwécklung ze ënnerstëtzen, sou dat och méi schwiereg Situatiounen am (Schoul-)Alldag besser gemeeschtert kënne ginn. Duerch d’Mëschung vu Kooperatiounsaufgaben, Beweegungsspiller, Kampfesspiele® an Reflexiounseenheete presentéiert sech dësen Usaz als immens versatil an erlaabt et op eng kreativ an attraktiv Aart a Weis eng ganz Bandbreet u geschlechterspezifischen Themen ze integréieren an ze thematiséieren. Gläichzäiteg bidden d’Trainingsenheeten ee sëchere Kader fir eventuell dominéierend Geschlechterstereotypen ze hannerfroen.

Als methodescht Tool fir déi symbolesch Duerstellung vun deene fënnef trainéierten Kärkompetenzen ass d’Hand vun der Selbstbehaaptung (DE – Hand der Selbstbahauptung) ee wichtege Bestanddeel vun dem Selbstbehaaptungstraining.

Engersäits bitt Si eng gutt Iwwersiicht iwwer méiglech Themen an Inhalter vun deenen eenzelen Eenheeten, anerersäits bitt Sie eng gudd Ënnerstëtzung während de Reflexiounseenheeten.Folgend Kärkompetenze ginn trainéiert:

  • Sech selwer an Anerer wouerhuelen (Domm)
  • Wierksam sinn (Zeigefanger)
  • Verantwortung iwwerhuelen (Mëttelfanger)
  • Zesumme vertrauen (Rangfanger)
  • Hëllef sichen an ubidden (Klénge Fanger)

Doduerch dat mir bäi dësem Usaz mat geschlechterhomogene Gruppe schaffen, kënne mir am Moment just mat männleche Jugendgruppe schaffen.

Dir huet ee konkrete Besoin un eiser Offer oder einfach eng Fro?