Ee speziellt Rezept fir Äer Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg

Natur, Sport a Selbstiwwerwannung: Nei Erliefnisser bei engem Familljenausfluch zu Lëtzebuerg

Dir wunnt zu Lëtzebuerg oder sidd op der Duerchrees a sicht no Fräizäitaktivitéiten zu Lëtzebuerg, bäi deenen Dir Iech kierperlech betätegen a villäicht eppes Neies léiere kënnt? Mir si Spezialiste fir eenzegaarteg Outdoor-Momenter a bidden Iech eng breet Palette un neien, beräicherenden an onvergiesslechen Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg.

Jeune femme regardant le ciel

D’Natur als Ressource zur Entfalung, Entspanung, Erhuelung an Ënnerhalung

Mir ënnerschätzen oft d’Potential vun eiser heemescher Natur: Virun eiser Hausdier waarden eng Villzuel u interessanten Aktivitéiten op eis, déi Spaass maachen, eis iwwert eis erauswuesse loossen, eis weiderbilden, eis entspanen kënnen an nach Villes méi!

Eis Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg sollen atypesch sinn: Sou bidde mir z.B. Geocaching un, eng Aktivitéit, déi ganz einfach Mënschen aus verschiddenen Altersgruppe matenee verbanne kann. (z.B. Kanner an hier Elteren). Wann Dir léiwer eppes méi sportleches ausprobéiere wëllt, da lued NBE Iech gären zum intuitive Bouschéissen an, enger immens interessanter Sportaart, bei där ee ka Spaass hunn a gläichzäiteg seng Konzentratioun mam ganze Kierper trainéiert.

All déi vun eis offréiert Familljenausflich zu Lëtzebuerg hunn an éischter Linn eng spilleresch Dimensioun a bidden eng gutt Geleeënheet, d’Suerge vum Alldag ze vergiessen. Nieft dem Spaass erméiglechen eis Aktivitéiten de Participanten awer nach vill méi! Esou gi si zum Beispill méi erfëllt nees Heem, léiere besser mateneen ze kooperéieren, entspane sech an/oder léiere mat sech an aneren an Harmonie ze liewen.

Eng breet Vilfalt un Aktivitéiten, fir méiglechst vill Mënschen ze beweegen

Dir wëllt gären op ee Wanderguide zu Lëtzebuerg zeréckgräifen? Genéisst d’Frësch Loft: NBE kann zesumme mat Iech een een- oder méideeger Wanderung zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun organiséieren.

Mir kënnen Iech awer och nach vill aner Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg virschloen. Nodeems Dir z.B. erfollegräich eng schwéier Descente wärend enger vun eise Mountain-Bike Touren gepackt huet, wäert Dir Äert Selbstvertraue gestäerkt hunn an zu enger besserer Versioun vun Iech selwer gi sinn. Oder profitéiert vun engem generatiounsiwwergräifende Geocaching wärend Äerem nächste Familljenausfluch zu Lëtzebuerg, fir Äer Familljerelatiounen ze stäerken.

Mir striewen dono, nei Erfarungen am lokalen Tourismus zu Lëtzebuerg unzereegen, andeems mir eis dovunner inspiréiere loossen, wat d’Natur eis bitt an eis doduerch vun traditionellen Offere vun Hotellen an anere Betriber ofhiewen.

Gros plan sur pieds d'enfant en forêt
Mère et enfant en forêt

Ee richtege Profi fir Naturaktivitéite wärend Äerem nächste Familljenausfluch zu Lëtzebuerg

Dir kënnt Iech bei Äeren Naturaktivitéiten zu Lëtzebuerg ganz op NBE verloossen an dat aus guddem Grond: Mir hunn d’Natur- an Erliefnispedagogogik an d’Beweegung am Fräien zu eisem Kärgeschäft gemaach. An eiser dagdeeglecher Aarbecht forméiere mir Léierpersonal an Educateuren*tricen, fir datt si d’Natur an hirem pedagogesch Alldag notze kënnen. Ausserdeem bidde mir Teambuilding Programmer fir Firmen un a schaffen als extern Partner mat Schoulen a Maison Relaisen zesummen.

Wann Dir also Äeren nächste Wanderguide zu Lëtzebuerg buche wëllt oder Äeren nächsten Ausfluch an d’Gréngt plangt, dann huet Dir bei NBE déi beschte Chancen op een eenzegaartegt Erliefnis!

Organiséiert mat NBE Äert nächst Outdoor-Abenteuer mat Famill oder Frënn!