Am Kader vun dëser Formatioun ginn de Participanten einfach Schnitzprojete mat Gréngholz op eng praktesch Aart a Weis vermëttelt. Dobäi léieren d’Participanten ausserdeem sécherheetsrelevant Schnitzreegele spilleresch ze vermëttelen a grondleeënd Schnitztechnike richteg unzeleeden.
Dauer: Een Dag (6-8 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 8 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: 8-12
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch (Franséich an Englësch just op Ufro)