Des Formatioun riicht sech un all pedagogesch Fachkraaft, déi gären Aktivitéiten zum Thema Feier an hier deeglech Aarbecht géif mat afléisse loossen. Nieft dem eegenen Ausprobéiere stinn Aspekter wéi Bildung fir nohalteg Entwécklung, d’Chance am Ëmgang mat Kanner a Jugendlecher an d’Reflexioun vun den eegenen Erfarungen um Programm.

Dauer: Een Dag (6-8 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 10 Joer)
Op Ufro (« in-house ») : Jo
Plazen: 8-12 (méi nëmmen op Ufro)
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch (Franséich an Englësch just op Ufro)