Bei der Orientéierungschallenge gëtt d’Team an zwou (oder méi) Gruppen opgedeelt. Als Grupp muss eng Kaart genotzt gi, fir verschidde Statiounen ze fannen, bei deenen ënnerschiddlech Erausfuerderungen op si waarden. D’Schwieregkeet: D’Kaarte ginn tëscht de Gruppe getosch an esou mussen déi eenzel Gruppen matenee kommunizéieren, fir souwuel hire Wee, wéi och dee vun der anerer Grupp ze fannen.