Am Géigesaz zum Héichseelgaart mat enger Héischt vun iwwer 8m bitt déi niddreg (ca. 50cm) a mobil Versioun, déi aus epuer Slacklines besteet, d’Méiglechkeet, onvergiesslech Erfarungen am Team ze maachen, ouni datt speziell Sécherheetsausrüstung gebraucht gëtt. D’Zil ass et, de Niddregseelgart ze iwwerwannen, ouni dertëscht de Buedem ze beréieren a wärenddeem am Team zesummen ze schaffen.