Pedagogik an Natur: Aktivitéiten ofsäits vu gewinnte Weeër, fir iwwert sech eraus ze wuessen !

Eng nei Aart a Weis fir Äer pedagogesch Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ze organiséieren

Bildungsinstitutioune aus dem formalen (Primäirschoulen, Lycéen) an non-formalen (Maison Relais, Jugendhaiser etc.) Beräich sti virun änlechen Erausfuerderungen, wann et dorëms geet, Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher ze organiséieren. Déi bestinn oft doranner, Alternativen ze fannen, déi net nëmme jiddwerengem gefällen, mee och nach ee gewësse Léiereffekt op pedagogeschem, sozialem an och mënschlechem Niveau hunn. Gläichzäiteg musse Schoulausflich bzw. pedagogesch Aktivitéiten zu Lëtzebuerg liicht zougänglech an einfach ze organiséiere sinn. Ugesiichts vun all deenen Ufuerderunge bidde mir professionell Ënnerstëtzung a startkloer Léisunge fir onvergiesslech Ausflich an d’Natur. Dobäi schaffe mir virun allem mat fundéierte Methoden aus der Erliefnis- a Naturpedagogik.

Activités enfants en forêt

Flexibilitéit – ee Muss fir Aktivitéite mat jonke Mënschen

Mir setzen eis dofir an, jiddwerengem eng ugepasste Léisung ze bidde fir Bildung a Natur ze verbannen. Eist Zil? Mir wëllen déi Virdeeler notzen, déi d’Naturpedagogik an d’Erliefnespedagogik eis bidden, fir de Kanner a Jugendlecher déi verschiddenste Saache bäizebréngen: Respekt virun der Natur, Offenheet vis-à-vis vu Neiem, géigesäiteg Hëllefsbereetschaft oder och iwwert sech eraus ze wuessen.

All Institutioun huet aner Méiglechkeeten an Aschränkungen. Dowéinst bidde mir eis pedagogesch Aktivitéiten hallefdaags (min. 3 Stonnen), ganzdaags (ca. 6 Stonnen) oder (op) méi Deeg hannerteneen/verdeelt un. Dobäi sinn och Iwwernuechtunge méiglech. Nach besser: D’Unzuel vun de Stonne kann un déi spezifesch Besoine vun all Ariichtung ugepasst ginn (z.B. 4, 5 oder 8 Stonnen). Eis Programmer sinn un déi jeeweileg Altersgrupp ugepasst (3 bis 99 Joer) an kënnen zousätzlech op d’Interesse vum Grupp, spezifesch Themen, den Erfarungsstand oder déi organisatoresch Viraussetzunge vun der jeeweileger Ariichtung ofgestëmmt ginn

Am Bezuch op eis natur- an erliefnesorientéiert Programmer hu mir ee Grondgerüst aus verschiddene pedagogeschen Aktivitéiten, déi mir esou wäit wéi méiglech modifizéieren, fir all den Zilgruppe gerecht ze ginn.

Eng passend Kombinatioun aus pedagogeschen a mënschlechen Ziler

Duerch d’Verbindung vu Pedagogik a Natur mat kierperlecher Beweegung notze mir Aktivitéite mat Kanner a Jugendlecher, déi bestëmmte schoulesch an ausserschoulesch Léierinhalter widderspigelen an ënnerstëtze kënnen. Zousätzlech dozou bidde mir eise Participanten d’Méiglechkeet kierperlech aktiv ze sinn. Ee beweegten Ausfluch an de Bësch kann zum Beispill eng gutt Geleeënheet sinn, eppes Neies iwwer d’Naturwëssenschaften ze erfueren an ee Schnitzworkshop kann eng gutt Chance bidden, interaktiv eppes iwwer d’Geschicht an den Alldag vun eise Virfueren ze léieren.

Mir beméien eis, d’lokal Ëmgéigend zu engem integrale Bestanddeel vun eisem Programm ze maachen. Mir sinn eis bewosst, datt d’Kanner an der haiteger Gesellschaft dozou neigen, extrem vernetzt ze sinn a vill Zäit virum Bildschierm ze verbréngen. Dowéinst sinn eis Schoulausflich zu Lëtzebuerg esou gestallt, datt si eng authentesch Méiglechkeet bidden, mat sech selwer a mat der Natur a Verbindung ze kommen an hiren Interête fräie Laf ze loossen.

Enfants et observation de la nature
Fabrication herbier

Mat der Natur zu engem neien “Ech”

Mir bei NBE wëssen, dass d’Kombinatioun vu Bildung, Natur a kierperlecher Entwécklung funktionéiert. Dowéinst denke mir net nëmmen u Naturspiller an Orientéierungsaktivitéiten. Mir denken ëmmer dorunner, wéi ee Mehrwert d’Erliefnisser fir eis Participante kënnen hunn, sief et an Zesummenhang mat konkretem Wëssen oder perséinlecher Entwécklung. Eist Wëssen am Beräich vun erfarungsorientéierten Aktivitéiten (Erliefnespedagogik, Naturpedagogik, Wildnispedaogik) bitt eis dofir déi néideg fachlech Basis.

Nieft den Erausfuerderunge wärend eisen Aktivitéite mat Kanner a jonken Erwuessene gehéiere Methoden zur Verbaliséierung vu bestëmmten Iddien (Reflexioun) an den Ëmgang mat Konflikter zu eisem Repertoire. Eis spilleresch Methoden, déi d’Natur, d’Beweegung, déi géigesäiteg Hëllef an d’Iwwerwannung vu sech selwer an de Mëttelpunkt stellen, hëllefe jonke Mënschen derbäi, hier Perséinlechkeet ze entwéckelen an doduerch schwiereg Alldagssituatioune besser ze meeschteren.

Vertraut op NBE fir Äer nächst Outdooraktivitéiten ze organiséieren!