Léiw Outdoor-Frënn a Naturliebhaber:innen,

No enger laanger Beaarbechtungszäit si mir stolz dorop, iech dat neit Gesiicht bzw. déi nei Websäit vun NBE presentéieren ze kënnen.

Déi nei Websäit soll engersäits ee besseren Iwwerbléck iwwer d’Offer vun NBE liwweren (Stéchwuert Benotzerfrëndlechkeet) a gläichzäiteg d’Aschreiwunge fir zukünfteg Events/Formatioune vereinfachen. Och eng Bezuelung duerch eng Online-Buchungs-Software ass elo méiglech.

Am Ufank wäerten nach net all d’Funktioune vollstänneg verfügbar sinn an et ka méiglecherweis nach zu klénge Stéierunge kommen. Falls also eppes net korrekt sollt funktionéieren, da wiere mer iech immens dankbar, wann der eis ee klénge Feedback kéint ginn.

Léiw Gréiss,
D’NBE-Team