Am Kader vun dëser Formatioun huet Dir d’Méiglechkeet Äert Wëssen am Beräich vun der Erliefnispedagogik ze verdéiwen. Aus dësem Grond steet virun allem eng praxisno Planung, Duerchféierung a Reflexioun vun erliefnispedagogeschen Eenheeten am Zentrum an d’Participanten erhalten d’Méiglechkeet an engem séchere Kader an d’Uleedungsroll ze schlüpfen. Profitéiert vun eisem konstruktive Feedback, fir Äer Kompetenzen ze verbesseren. Et gëtt staark ugerode virdrun un der Aféierung deel ze huelen.
Dauer: 3 Deeg à 8 St. an 1 hallwen Dag à 4 St. (28 St.)
Zilpublikum: Formal an non-formal Bildung (ab 10 Joer)
Op Ufro (« in-house »): Jo
Plazen: max. 12
Presenzevent: Jo
Onlineevent: Nee
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch (Franséich an Englësch just op Ufro)