Schnitz-Workshops


Schnitz-Workshops


D’Gréngholz-Schnitzen ass een Handwierk, dat vill Méiglechkeete bitt. D’Participanten kënnen hier Kreativitéit ausliewen an esou verschidden Objeten hierstellen dobäi bewäerten Technike léieren.
Gelännspiller

Gelännspiller

Gelännspiller si Spiller, déi op engem groussen Areal stattfannen a mat enger grousser Unzuel un Participante gespillt kënne ginn. D’Zil ass et ze kooperéieren an zesummen eng Strategie festzeleeën, fir d’Spill ze gewannen.
Abenteuer- a Kooperatiounsspiller

Abenteuer- a Kooperatiounsspiller

Abenteuer- a Kooperatiounsspiller bidden de Participanten d’Méiglechkeet eppes iwwer Teamaarbecht ze léieren, hiert Verantwortungsbewosstsënn ze steigeren an hiert Vertrauen opzebauen (a villes méi…).
Bastelworkshops

Bastelworkshops

Eis Bastelaktivitéite gräifen déi an den thematesche Workshops gewielten, Themen ob an ergänzen eis Programmer a bidde gläichzäiteg eng Méiglechkeet, een Undenken ze produzéieren, dat d’Kanner kënne mat heem huelen.
Beweegungsspiller

Beweegungsspiller

Beweegungsspiller verbanne kierperlech Aktivitéit mat Spaass a kreéieren esou spannend Léierräim.