Tourismus- a Fräizäitberäich

Am Tourismus- a Fräizäitberäich offréiere mir Iech eist Fachwëssen an eng professionell Begleedung vun ären Outdoor-Aktivitéiten. Des Offer riicht sech virun allem u lokal Institutiounen a Betriber déi am Alldag vill mat Mënschen zesumme schaffen (Hoteller, Jugendhaiser, Hostelen asw.) an hiert Angebot am Outdoor Beräich ausbauen oder differenzéiere wëllen. Profitéiert vun eisem Netzwierk un qualifizéierten Outdoor Guiden & Traineren*innen a schafft mat eis zesummen dat passend Angebot fir är Clienten aus.

Zu den ugebuedenen Aktivitéiten gehéieren:

  • Velo’s a Mountainbike-Touren duerch Lëtzebuerg an d’Groussregioun
  • Dages- an Méidageswanderungen duerch Lëtzebuerg an d’Groussregioun
  • Intuitivt Bouschéissen
  • Geocaching

Falls Dir gären Outdoor Aktivitéiten ubidde wëllt a schonn iwwert Personal verfügt, dat dir an dësem Beräich  asetze wëllt, da schaffe mir och gäre mat Iech zesummen déi passend Weiderbildung aus.