Eis Leeschtungen am Firmeberäich

Teambuilding

An ville professionelle Beräicher gëtt op Teamaarbecht gesat. Egal op Aarbechtsgruppen, déi just fir ee spezifesche Projet zesummegesat ginn oder eenzel Departementer, déi sech op ee Beräich spezialiséieren. Iwwerall wou Mënschen sech a Gruppen oder Teams zesummefannen, lafe gruppendynamesch Prozesser of, déi am beschte Fall a positiver Korrelatioun mat dem gewënschten Zil stinn. 

Besonnesch am Ufank, wa Mënschen ufänke mateneen ze schaffen, kann et schonn emol zu Schwieregkeete kommen, déi oft op einfach Mëssverständnesser oder feelend géigesäitegt Vertrauen zeréck ze féiere sinn.  Mat eisen Outdoor Aktivitéiten  hëllefe mir ärem Team derbäi sech ënnertenee besser kennen ze léieren an notzen déi optriedend gruppespezifesch Prozesser konstruktiv fir déi noutwenneg Basis fir eng zukünfteg Zesummenaarbecht ze schafen.

Folgend Aktivitéiten hu mir am Programm:

  • Teamchallenge mat variablen Teamaufgaben & Szenarien (hallwen oder ganzen Daach)
  • Orientéierungstour
  • Geocaching mat oder ouni Teamaufgaben
  • Floossbau
  • Mobillen Niddregseelgaart 
teambuilding outdoor luxembourg letzebuerg team

Teamevents

Dir wëllt Ärem Team oder Äre Mataarbechter ee flotten Dag offréieren an den Aarbechtsalldag mol eng Kéier an den Hannergrond triede loossen, da bidde mir Iech eng Réi un Outdoor-Aktivitéiten déi Iech an Ärem Team ee flott Erliefnes garantéieren. Op als Dagesprogramm oder als Ergänzung zu Ärem Workshop, kontaktéiert eis gäre fir méi Informatiounen. Op Ufro organiséiere mir fir Iech zousärtlech de passende Catering fir de perfekten Ofschloss vun Ärem Teamevent.

  • Geocaching
  • Entspannte Wanderdag an der Natur
  • Mountainbike-Tour
  • Bouschéissen
wandern geocaching teamevent teambuilding outdoor