Iwwert NBE

Ursprungsiddi

Mäin Studium an meng Auslandsopenhalter hunn mir gewisen dat zu Lëtzebuerg am Beräich vun alternative pädagogeschen Angeboter aktuell nach vill Entwécklungspotenzial besteet. Obwuel an deene vergaangene Jore vill sënnvoll Initiativen entstane sinn, ass leider och zu Lëtzebuerg een Trend zu ëmmer méi kuerzzäitegen Angeboter ze erkennen. D’Noutwennegkeet der aktueller Nofro gerecht ze ginn, feiere leider oft (net ëmmer!) dozou, dat déi ursprénglech, reformpädagogesch Idealer, op déi och d’Erliefnespedagogik zeréck ze féieren ass, an der Realitéit ëmmer méi an den Hannergrond trieden. Fir dësem Trend entgéint ze wierken an nohalteg pädagogesch Programmer unzebidden, ass NBE gegrënnt ginn.

Am Personalentwécklungsberäich zu Lëtzebuerg ass Teamentwécklung mat Hëllef vun Outdoor-Trainingen zu dësem Zäitpunkt éischter eng Ausnam. Aus dësem Grond bidde mir Programmer a Seminairen un, déi  lëtzebuergesche Firmen d’Méiglechkeet bidden, an Zesummenaarbecht mat engem lokale Partner, hier Mataarbechter op eng erliefnisräich Aart a Weis u verschiddenen, aarbechtsrelevant Themen erunzeféieren. 

Motivatioun

Aner Mënschen dobäi ënnerstëtzen sech weider ze entwéckelen, hier Zieler ze areechen oder einfach nëmmen sech besser ze fillen. Dat sinn nëmmen dräi vun de Grënn ob deenen eis Motivatioun opbaut. Léiere kann a soll Spaass maachen. Nëmmen duerch progressiv Weiderentwécklung ass et an der haiteger Zäit méiglech mat deene konstante Verännerungen an eiser Gesellschaft mat ze halen a potentiell Erausfuerderungen ze iwwerwannen. Nohalteg Erfarungen erméiglechen – dat ass d’Basis vun eiser Motivatioun.

Eis Visioun

Eis laangfristeg Visioun besteet doranner, méiglechst vill Jonker an/oder Erwuessener mat eise Programmer ze areechen an dobäi ee positiven an nohaltege Beitrag am pädagogesche bzw. beruffsbegleedende Beräich zu Lëtzebuerg ze leeschten. Engersäits soll des Visioun duerch d’Ëmsetzung vun eisen eegene Konzepter areecht ginn. Anerersäits sollen awer och méiglechst vill lëtzebuergesch Institutioune bäi der Ëmsetzung vun hiren eegenen Angeboter ënnerstëtzt a professionell berode ginn. 

1jpg

Kris Clees

Grënner vun NBE

clees@nbe.lu

Qualifikatiounen