Eis dräi Grondpfeiler

Als ee vun deenen éischten onofhängegen Ubidder am Beräich erfarungs- a bewegungsorientéierten Aktivitéiten zu Lëtzebuerg bitt “Natur · Beweegung · Entwécklung” eng ganz Rei verschidde Programmer an Aktivitéiten un, déi an Zesummenaarbecht mat Iech (weider-)entwéckelt an ëmgesat kënne ginn. Wéi den Numm scho verréit berout eis Aarbecht op dräi Grondpfeiler, déi mer Iech kuerz wëlle virstellen:

7 (1)

D’Natur war schonn ëmmer Bestanddeel vun eisem Liewen. Allerdéngs ass de Stellewäert vun der Natur als Erfarungs- a Léierraum opgrond vun den aktuelle Technologiséierungs- a Moderniséierungstendenzen an eiser Gesellschaft ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt. Dobäi ginn et esou vill Saachen, déi de Mënsch net am Klassenzëmmer, am Büro oder aneren “Indoor-Settings” léiere kann. An all eise Programmer probéiere mir dowéinst sou wäit et méiglech ass d’Natur mat anzebannen. D’Natur erëm als eng Art Léiermeeschter unerkennen an déi positiv Wierkung vun Aktivitéiten an der Natur spieren – dat ass eisen éischte Grondpfeiler. 

Dat kierperlech Beweegung gesond ass, dat ass hautzedaags fir vill Leit kee Geheimnis méi. Nieft dem gesondheetleche Faktor bitt Beweegung besonnesch am pädagogesche Kontext vill interessant Méiglechkeete fir néi Kierpererfahrungen ze maachen an op eng interessant Aart a Weis un verschidde Themen wéi Kommunikatioun, Vertrauen, Kierperbeherrschung, Zesummenaarbecht a villes méi ze schaffen. Beweegung erméiglecht Erfarungen aus éischter Hand, déi déifgrënneg Verännerunge bäi enger Persoun ausléise kënnen. Nieft kierperlecher Beweegung sollen eis Programmer awer och Beweegung an aner, méi abstrakt, Strukture bréngen. Aus ale Routine ausbriechen an duerch onbekannt Situatiounen Neies iwwert sech selwer an Anerer an Erkenntnis bréngen – dofir ass Beweegung eisen zweete Grondpféiler.

Duerch d’Kombinatioun vun den Erfarungsméiglechkeeten an der Natur engersäits an der (kierperlecher) Beweegung anerersäits, ass et méiglech wäertvoll (Bildungs-)Prozesser beim Individuum unzestoussen, déi iwwert eng einfach Vermëttlung a Reproduktioun vu Wëssen ewechginn. Enner Bildung verstinn mir eng Verännerunge vun der Aart a Weis, wéi Mënschen hirer Ëmwelt begéinen a mat potentiellen zukünftege Schwieregkeeten, Problemer oder Erausfuerderungen am Liewen ëm ginn. Eis Programmer an Aktivitéite sollen den Participanten genuch Raum bidden, fir sech op sozialem, kierperlechen an/oder psychologeschem Niveau weider ze entwéckelen – dofir ass Entwécklung eisen drëtte Grondpféiler.