LÉIER DENG WANDERUNGE
PLANGEN

Duerch seng geografesch Diversitéit bitt Lëtzebuerg etlëch Méiglechkeete fir op interessant Wanderungen ze goen. Dësen Webinar (Online-Formatioun) riicht sech un all déi Leit, déi gäere wëlle léieren, wéi Si hier eege Wanderunge plange kënnen, trotz de momentanen Aschränkungen duerch Covid-19.

Egal ob bei Dagestouren oder Wanderungen iwwer e puer Deeg, all Route sollt méiglechst genau am Viraus geplangt sinn. Dëst erméiglecht Dir fir ënnerwee ganz entspaant ze sinn an deng Zäit an der Natur komplett ze genéissen. Natierlech ass eng gutt Virbereedung och wichteg fir sécher u sengem Zil unzekommen an de Verletzungsrisiko ze miniméieren.

An dësem Webinar léiers Du a 4 online Sëtzunge vu jeeweils 2h30 (inkl. Pausen) op wat een alles muss oppasse, wann ee selbststänneg op Entdeckungstour duerch Lëtzebuerg wëll goen.

De Webinar ass interaktiv gestallt a gëtt visuell vun enger Powerpoint-Presentatioun begleet. Selbstverständlech kanns du dertëscht och Froe stellen. Zousätzlech krëss du Aarbechtsblieder, déi mir zesummen duerchginn an déi Dech beim Léieren ënnerstëtze sollen.

Tëschent all Modul krëss du zousätzlech nach kleng Aufgaben, déi dir hëllefen dat geléiert Wësse selbststänneg ze verdéiwen an deng Kenntnisser ze testen.

Falls du dech fir d’Premium Versioun entscheeds, dann ass am Fréijoer 2021 och nach ee praktesche Modul, wou dat theoretescht Wëssen nach eemol opgefrëscht gëtt a wou déi verschidden Inhalter an der Praxis ënner professioneller Uleedung geübt kënne ginn.

Moduler & Inhalt

ËMGANG MAT KAART A KOMPASS

  • Eng Kaart liese léieren
  • Höhenlinien a Moossstab interpretéieren
  • Basis Technike mam Kompass
  • Praktesch Übungen

MATERIAL & ERNÄRUNG

  • Wat brauch ech (net)?
  • Tipps zum richtege Material
  • Ernärung ënnerwee – wat ass wichteg?

ROUTE PLANGEN

  • Gehzäit berechne léieren
  • Aféirung a Geoportail
  • Praktesch Übungen

KIERPER & SËCHERHEET

  • Sportlech a gesondheetlech Aspekter
  • Pyschologesch a pedagogesch Aspekter
  • Sécherheet duerch richteg Virbereedung
  • Abléck an de Noutfallmanagement

OPTIONALE PRAXISMODUL

  • Praktesch Uwendung vum Theoriewëssen
  • Orientéierungstechnike mat Kaart a Kompass an der Praxis
  • Verdéiwung vun der Theorie

Datumer

Moduler 1-4 (ëmmer vu 17:30 bis 20:00 Auer)

17. November 2020

19. November 2020

24. November 2020

26. November 2020

Praxismodul (9-12 Auer, optional)

Samschden, de 6. März 20201

WIEL DÄI PROGRAMM!

Präisser inkl. TVA.

279€

BASIC

Zougang zum Webinar

Zougrëff op d´Materialien

Professionell Begleedun

349€

PRENIUM

Zougang zum Webinar

Zougrëff op d´Materialien

Professionell Begleedun

3h Praxisworkshop am Fréijoer 2021

kris clees

Firwat ee Webinar mat NBE ?

Professionell Beroodung & Begleedung

Interaktiv Léiermethoden via Blended Learning

Kléng Gruppen (max. 10 Persounen)

Covid-19 sécher

OFT GESTALTE FROEN

Wou fënnt de Webinar statt?

Wéi den Numm et scho seet, treffen mir eis an enger online Videokonferenz. Doduerch kanns du also souwuel vun Doheem aus deelhuelen, wéi och wanns du ënnerwee bass.

D’Plattform déi mir dofir benotzen heescht “Zoom” an ass gratis (www.zoom.us).  Virun all Modul kriss du ee Link geschéckt, deen dech automatesch mat dem Formateur verbënnt. Op der Internetsäit vu Zoom kanns de dech umellen an de “Zoom Client” eroflueden, ee Programm ähnlech wéi Skype, mat deems de dech kanns online verbannen.

Wat brauch ech fir mat ze maachen ?

Fir deelzehuelen brauchs du just ee Computer, Handy oder Tablet mat Internetzougang a Mikro, souwéi natierlech eng Internet Verbindung. Eng Webcam ass virdeelhaft, mee net onbedéngt noutwendeg.

D’Dokumenter mat den Inhalt stelle mir dir am PDF-Format zur Verfügung, sou dass du digital kanns dorop zeréckgräifen. Wanns du se wëlls ausprinte brauchs een Drucker.

Een eegene Kompass ass keng Viraussetzung, mee mir empfeelen dir spéitstens fir de Praxismodul ee keefs. Et gëtt d’Méiglechkeet eng Sammelbestellung ze maachen.

Wéi laang dauert de Webinar ?

De Webinar besteet aus 4 online Videokonferenzen, déi jeeweils ca. 2,5 Stonnen daueren. Am beschten du reservéiers dir awer ca. 3 Stonnen (15min virdrun an dono). De Cours huet also een Ëmfang vun 10 Stonnen. Wanns du dech entscheeds, de Praxisworkshop am Fréijoer 2021 mat ze maachen, da kommen nach eemol 3 Stonnen derbäi.

Wéi ass de Webinar opgebaut ?

De Webinar besteet aus 4 insgesamt online Videokonferenzen, déi un 4 verchiddenen Deeg zu festgeluechten Auerzäiten stattfannen an an deene jeeweils ee bestëmmt Thema (s. Inhalt) behandelt gëtt. Dëst geschitt ëmmer méiglechst interaktiv. De Virtrag ass awer och vun enger Powerpoint begleet an därs du den Inhalt nach eng Kéier a schrëftlecher Form fënns.

Zousätzlech krëss du no all Sëtzung kleng Aufgaben, déi’s du Doheem selwer kanns maachen an déi dir hëllefen, dat geléiert ze verënnerlechen.

Wat ass wann ech een Dag net kann matmachen ?

Falls du un engem Dag eng Kéier keng Zäit sollt hun, kanns du den Inhalt unhand vun den Dokumenter, déi mir dir zur Verfügung stellen, och selwer nohuelen. Virun der nächster Sëtzung hues du dann nach eemol d’Geleeënheet fir e puer Saachen nofroen, falls du eppes solls verstanen hunn oder eppes net kloer war.

Mir empfeelen awer dass du dir am Virfeld vun de Webinare genuch Zäit fräiraums fir wärend dem ganze Modul present ze sinn. Och wann mir d’Materialie bereetstelle fir selwer doheem ze léieren, ass dat keen adequaten Ersatz fir eng interaktiv Beschäftegung mat engem Thema. An dem Fall kënne mir net garantéieren, dass dir du selwechte Léiererfolleg wäers hunn.

Ech sin ugemellt mee kann guer net deelhuelen oder méi fréi muss fort?

Falls dir ugemellt sidd (d.h. Suen iwwerwisen a Confirmatioun per E-Mail kritt) ass et leider net méi méiglech är Suen ze rembourséieren, och wann dir net deelhuele kennt. Umeldunge bei Programmer vun NBE si verbindlech an onwidderrufflech. 
Dir hutt awer d’Méiglechkeet een Ersatz ze fannen, dat heescht eng aner Persoun kann an ärer Platz deelhuelen. An dem Fall ännere mir d’Perséinlech Date vum Teilnehmer. Dat finanziellt musst dir an dem Fall mat där anerer Persoun selwer klären.

Gëtt de Webinar opgezeechent?

Nee, de Webinar gëtt net opgezeechent. Sou kënne mir garantéieren, datt d’Inhalter och just deene Persounen zougänglech sinn, déi um Webinar deelgeholl hunn.

A wéienge Sprooche gëtt de Webinar ugebueden?

De Webinar gëtt den Ament just op Lëtzebuergesch ugebueden. Déi verschidden Dokumenter an d’Powerpoint ass op Däitsch.

Du hues nach weider Froën? Kontaktéier eis op webinar@nbe.lu!

REZENSIOUNEN

“Ech hu beim éichte Webinar “Wanderunge plangen” matgemaach. Engagéiert, sympathesch, kompetent a passionnéiert vun der Matière. Kann ech nëmme recommandéieren.”

Max

“Ech kann d‘Formatioune vun NBE nëmmen empfeelen.
Gudd strukturéiert a kompetent.
Merci nach eng Kéier
fir di flott Formatioun Kris
🤩🌈

Claudia