Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

2. Outdoor Netzwierk Dag zu Lëtzebuerg (online)

January 23 @ 9:00 am - 12:00 pm

Gudde Moie léiwen Outdoormënsch,

nodeems den 1. Outdoor-Netzwierk-Dag am Februar 2020 mat ronn 30 Participanten ee groussen Erfolleg war an de Covid-19 eis leider ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, si mir frou, endlech een Datum fir een 2. OND annoncéieren ze kënnen.

23. Januar 2021, ca. 9-12 Auer

Den Outdoor Netzwierk Dag riicht sech un all Persoun, déi gäre mat Mënschen dobaussen an der Natur schafft. Egal op Coach, Fräiberuffler*in, Pedagog*in, Therapeut*in, Léierpersoun, Kënschtler*in oder aner*en  Acteur*rice aus der formaler oder non-formaler Bildung. Den OND soll eng Plattform si fir sech auszetauschen a flott nei Kontakter ze schléissen. Och Themen aus dem éischten OND wäerten nees um Programm stoen, bzw. verdéiwt ginn.

Den OND fënd opgrond vun de Covid-19 Restriktiounen digital via Zoom statt. Méi Informatiounen inkl. Oflaf krëss du an enger Confirmatiouns-Mail.

Themen:

  • Réckbléck 2020 & Austausch iwwer Erfarungen am Ëmgang mam Covid-19 (Hürden & Chancen)
  • Austausch iwwer eng Grënnung vun engem Verband, respektiv enger A.s.b.l.
  • Ausbléck 2021 – nächste gemeinsamen Outdoor Netzwierkdag

Umeldung w.e.g. mam Numm (bzw. de Nimm), der Institutioun/Organisatioun an der Unzuel u Leit un OND@NBE.LU bis den 21.01.2020.

Details

Date:
January 23
Time:
9:00 am - 12:00 pm
Event Category:

Venue

Online