MEHR ERFAHREN
(nei) erliewen
Sech dobaussen
Zesummen.
MEHR ERFAHREN
(nei) erliewen
Sech dobaussen
Zesummen.
MEHR ERFAHREN
(nei) erliewen
Sech dobaussen
Zesummen.
MEHR ERFAHREN
(nei) erliewen
Sech dobaussen
Zesummen.

EIS MISSIOUN

Mir erméigleche Mënschen erëm ee Gläichgewiicht ze fannen, an enger Welt, an där d’Bezéiungen an d’kierperlech Beweegung opgrond vun der steigender Digitaliséierung an engem hektesche Liewensrhythmus staark reduzéiert sinn.

Zesumme bidde mir Iech Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Natur an der Beweegung un, fir datt Dir Iech (nei) erliewe kënnt a gläichzäiteg Äer perséinlech a sozial Fäegkeete weider entwéckele kënnt.

EIS OFFER

PEDAGOGIK

Entdeckt eisen ëmfangräiche Programm am Beräich Pedagogik. Mir bidden Iech eng Bandbreet un Aktivitéiten a Programmen un, déi speziell op Äer Bedürfnisser ofgestëmmt sinn.

FORMATIOUN

Dir géift gären Äert professionellt Team am Beräich vum handlungs- an erfarungsorientéierte Léieren ausbilden, ouni dobäi op auslännesch Ënnerstëtzung ugewisen ze sinn? Vertraut op eis Erfarung !

TEAMBUILDING

Dir wëllt Äert Team oder Äer Aarbechtskolleegen*innen an engem aneren Ëmfeld wéi op der Aarbecht kenne léieren, Iech mat bestëmmten Themen auserneesetzen oder einfach ee spannenden Dag als Team verbréngen ?

FRÄIZÄIT

Dir sidd op der Sich no interessanten Outdooraktivitéiten am Tourismus- a Fräizäitberäich als Privatpersoun, Famill oder kommerziellen Ubidder? Da sidd der hei genau richteg!

MIR SCHAFFEN ZESUMMEN

FEDAS Luxembourg
Arcus – Focus
Base Nautique Lultzhausen
MR “A Schmatts” Troisvierges
Commune de Weiswampach
Kannerhaus Wooltz a.s.b.l.
IFEN – Institut de formation de l’éducation nationale
FLAM – Fédération luxembourgeoise des Arts Martiaux
Ecole nationale de l’éducation physique et des sports
Éislek – Mir sinn uewen
SEA Bertrange
CDJ Marienthal
Commune de Wincrange
FREAC a.s.b.l.
elisabeth forméiert

EIS DNA

Transformatioun a Weiderentwécklung

Sech selwer duerch de Kontakt mat der Natur an anere Mënschen (nei) erliewen, fir eng besser Versioun vu sech selwer ze ginn an iwwer sech eraus ze wuessen.

Abenteuergeescht

Sech neien Erausfuerderungen an ongewinnten Aktivitéite vis-à-vis opmaachen an dobäi seng Komfortzon verloossen.

Authentizitéit

Mënschlech, lieweg a nohalteg Erfarungen erméiglechen, déi reell Kontakter a wichteg Wäerter wéi Empathie, Hëllefsbereetschaft an Teamgeescht fërderen.

Vertrauen

Aktivitéiten an engem sécheren Ëmfeld ubidden, déi dobäi hëllefen, déi eege Fäegkeete wieder ze entwéckelen a sech senger Schwächen & Stäerkte bewosst ze ginn.

Respekt

Aktivitéiten ubidden, déi d’Entwécklung vu respektvolle Bezéiunge zu sech selwer, anere Participanten an der Natur bzw. der Ëmwelt ënnerstëtzen.

Eis Offer am Iwwerbléck

Feedback aus der Praxis

Flotten Dag
"Duerch COVID-19 hu mer eisen Teambuilding epuer Mol misse verschiben an den Inhalt huet misse spontan adaptéiert ginn. Dat huet wonnerbar a flexibel geklappt. Merci fir dëse flotten Dag am Numm vun eis all!"
Maison Relais «A Woiwer» Differdange
"Duerch COVID-19 hu mer eisen Teambuilding epuer Mol misse verschiben an den Inhalt huet misse spontan adaptéiert ginn. Dat huet wonnerbar a flexibel geklappt. Merci fir dëse flotten Dag am Numm vun eis all!"
Flotten Dag
Maison Relais «A Woiwer» Differdange
Eng léierräich Formatioun
"Ech konnt un der Formatioun „Bëschpedagogik – Sënneserfarungen am Bësch “ deelhuelen. Et war eng léierräich Formatioun, déi Input zu all Kanneralter ginn huet. Déi zwee Traineren hunn d’Formatioun ofwiesslungsräich an humorvoll gestallt. Ech hu vill Iddie mat Heem geholl. Villmools Merci!"
FEDAS
"Ech konnt un der Formatioun „Bëschpedagogik – Sënneserfarungen am Bësch“ deelhuelen. Et war eng léierräich Formatioun, déi Input zu all Kanneralter ginn huet. Déi zwee Traineren hunn d’Formatioun ofwiesslungsräich an humorvoll gestallt. Ech hu vill Iddie mat Heem geholl. Villmools Merci!"
Eng léierräich Formatioun
FEDAS
Vun der Theorie iwwert d’Praxis
"Alles gouf kloer beschwat an erkläert. Vun der Theorie iwwert d’Praxis. Immens professionell op Awänn, Virschléi a Bemierkunge reagéiert. D’Formatioun war komplett gelongen, duerch déi kloer Struktur an déi gutt geplangten an ëmgesaten Inhalter vum Formateur. Absolut wieder ze empfeelen. Besonnesch nennenswäert war...
IFEN
"Alles gouf kloer beschwat an erkläert. Vun der Theorie iwwert d’Praxis. Immens professionell op Awänn, Virschléi a Bemierkunge reagéiert. D’Formatioun war komplett gelongen, duerch déi kloer Struktur an déi gutt geplangten an ëmgesaten Inhalter vum Formateur. Absolut wieder ze empfeelen. Besonnesch nennenswäert war de Standuert an déi ënnerschiddlech Inhalter, déi op verschidden Aart a Weisen asetzbar sinn."
Vun der Theorie iwwert d’Praxis
IFEN
Flott Aktivitéiten
"Ech hu schonn un epuer Formatiounen deelgeholl. Super interessant an et kann ee vill léieren. Flott Aktivitéiten, déi ee mat Kanner an der Natur erliewe kann. Ech hu schonn esou munches dovunner ëmgesat. Ech ka se nëmme recommandéieren ."
FEDAS
"Ech hu schonn un epuer Formatiounen deelgeholl. Super interessant an et kann ee vill léieren. Flott Aktivitéiten, déi ee mat Kanner an der Natur erliewe kann. Ech hu schonn esou munches dovunner ëmgesat. Ech ka se nëmme recommandéieren."
Flott Aktivitéiten
FEDAS
Merci

"D‘Formatiounen, déi ech als Enseignante an der Erliefnispedagogik gemaach hunn, hunn mech net nëmme professionell, mee och perséinlech méi wäit bruet. Et huet ee missen aus der Komfortzone eraus an iwwert sech erausgoen. Egal bei wéi engem Wierder waren dës Formatioune ganz...

IFEN

"D‘Formatiounen, déi ech als Enseignante an der Erliefnispedagogik gemaach hunn, hunn mech net nëmme professionell, mee och perséinlech méi wäit bruet. Et huet ee missen aus der Komfortzone eraus an iwwert sech erausgoen. Egal bei wéi engem Wierder waren dës Formatioune ganz prägend an Zäit ass verlaf wéi am Fluch. Merci!"

Merci
IFEN
Ëmmer erëm gären !
"Meng 7ièmes Klass an ech hunn d’Méiglechkeet gehat fir zwee interessant Deeg an der Natur mat NBE ze verbréngen! Meng Schüler*inne ware begeeschtert. D’Teamspiller ware super gestalt a sinn ëmmer nees op d’Grupp ugepasst ginn. Ausserdeem gouf fir eng gutt Stëmmung gesuergt an de Kampfgeescht ass geweckt ginn...
Waldorfschoul Kirchberg
"Meng 7ièmes Klass an ech hunn d’Méiglechkeet gehat fir zwee interessant Deeg an der Natur mat NBE ze verbréngen! Meng Schüler*inne ware begeeschtert. D’Teamspiller ware super gestalt a sinn ëmmer nees op d’Grupp ugepasst ginn. Ausserdeem gouf fir eng gutt Stëmmung gesuergt an de Kampfgeescht ass geweckt ginn. De Niddregseelgaart war dann den absolutten Highlight. Ëmmer erëm gären!"
Ëmmer erëm gären !
Waldorfschoul Kirchberg
Top !
"Top! Interessant Spiller, déi eng gutt Stëmmung geschaaf hunn an d’Aktivitéit huet eis Iddi vun engem Team gestäerkt ."
elisabeth forméiert
"Top! Interessant Spiller, déi eng gutt Stëmmung geschaaf hunn an d’Aktivitéit huet eis Iddi vun engem Team gestäerkt."
Top !
elisabeth forméiert
Ofwiesslungsräich, gutt organiséiert a praxisorientéiert.

"Ofwiesslungsräich, gutt organiséiert a praxisorientéiert. D’Traineren hunn dat richteg gutt gemaach. Et war eng angeneem Atmosphär a ni langweileg. Ausserdeem kann een d’Konzept gutt fir seng Klass notzen ."

École primaire Colmar-Berg

"Ofwiesslungsräich, gutt organiséiert a praxisorientéiert. D’Traineren hunn dat richteg gutt gemaach. Et war eng angeneem Atmosphär a ni langweileg. Ausserdeem kann een d’Konzept gutt fir seng Klass notzen."

Ofwiesslungsräich, gutt organiséiert a praxisorientéiert.
École primaire Colmar-Berg
Aktivitéite kandgerecht gestallt

"Ech hu fonnt, datt d’Aktivitéite kandgerecht gestallt a pedagogesch sënnvoll waren. Besonnesch gutt hunn ech fonnt, datt d’Gruppe bësse méi kléng waren. D’Trainerin ass op all Kand individuell agaangen an huet all d’Umierkunge wouergeholl an opgegraff. D’Kanner goufe wärenddeem vill gelueft...

Maison Relais Sandweiler

"Ech hu fonnt, datt d’Aktivitéite kandgerecht gestallt a pedagogesch sënnvoll waren. Besonnesch gutt hunn ech fonnt, datt d’Gruppe bësse méi kléng waren. D’Trainerin ass op all Kand individuell agaangen an huet all d’Umierkunge wouergeholl an opgegraff. D’Kanner goufe wärenddeem vill gelueft. "

Aktivitéite kandgerecht gestallt
Maison Relais Sandweiler
Wierklech empfeelenswäert
"Wierklech empfeelenswäert. Den Trainer war encouragéierend an huet ee séchere Kader geschaf. Huet et fäerdeg kritt, ee quadrilinguale Grupp ze encadréieren!"
International School Edward Steichen
"Wierklech empfeelenswäert. Den Trainer war encouragéierend an huet ee séchere Kader geschaf. Huet et fäerdeg kritt, ee quadrilinguale Grupp ze encadréieren!"
Wierklech empfeelenswäert
International School Edward Steichen

NEIEGKEETEN

Internat Sainte-Marie Blogpost #spotlight

Internat Sainte-Marie Blogpost #spotlight

In einer bemerkenswerten Initiative hat das Internat Sainte-Marie in Mertzig das Team von NBE kontaktiert, um gemeinsam unvergessliche Naturerlebnisse für die Kinder zu gestalten. Nach einem einführenden Gespräch und einer intensiven Abstimmung, wurde beschlossen,...

read more

Newsletter

Mellt Iech elo fir eisen Newsletter un a gitt Deel vun der NBE-Famill. Duerch de Newsletter kritt Dir wichteg Neiegkeeten an Updates zu neien Events oder Aktivitéite ganz einfach per E-Mail. Dir kënnt Iech zu all Moment nees ofmellen. Äer Date ginn net un Drëttpersoune weider ginn.

Ich bin damit einverstanden, in Zukunft Informationen von NBE per E-Mail zu erhalten. Ich bin damit einverstanden, dass meine Daten von der EU-DSGVO zu Kommunikationszwecken gespeichert werden.*

AGENDA